27.01.2012 / LESERFORUM/ Europas verpasste Chance
En Europa, dat ausgesäit wéi een internationalen Dschungel vu politeschen Dinosaurier
“By voting we are defending our right to choose and to decide! “ sot de konservative Nirj Deva bei senger Kandidatur zum neie President vum Europaparlament, wëssend, dat scho virun der Wahl längst um Pabeier stoung, wéieen Eurokrat gekréint wäert ginn. Dëse wierklech wäertvolle Saz weist, wéi staark d’Demokratie an Europa menacéiert ass, a wéi wéineg Respekt de 500.000.000 Mënschen an Europa gewise gëtt.
Dofir ass d’Situatioun eben déi, déi se ass. Logescherweis, waren sech déi féierend Eurokrate séier eenz, ween a gemeinsamer Ofsprooch sollt de neie Schreibtischtäter fir Europa ginn. An et war keen aneren wéi de sozialistesche Martin Schulz, deen, deen eben och ganz no hire Virstellunge schwätzt an handelt. Hien ass de Fachbegrëff fir d’Bréisseler Bürokratie an duerchaus eng representativ Figur fir déi jëtzeg Europamethodik, e Verdeedeger vun europäescher Arroganz, modernem Antipatriotismus, europäeschem Zentralismus a korrupter Finanzpolitik.
Hien huet Deenen de Kampf ugesot, déi Kritik a Skeptik vis-à-vis vun Europa hunn, sou war hien nach ëmmer, an elo kann hien bei engem Europa, dat ausgesäit wéi een internationalen Dschungel vu politeschen Dinosaurier, seng Beem sécher och nach planzen.
Wéi gäre géing ech op dëser Plaz froen: Wéini kann ee mol nees laachen, wann een d‘Zeitung liest. Mat sou Noriichten wéi dëser, wuel sou séier net.
But we should remember those people, who fight for the truth! Thank you Nerj Deva!
Joe Thein, Gemengeconseiller
IHRE MEINUNG INTERESSIERT UNS zu diesem Thema UND zu jedem anderen

